Automag vum 24. Februar 2022: D'Autosmark Borgward an déi speziell Relatioun mat Lëtzebuerg (2024)

Am Automag vun haut huele mer eng Autosmark méi genee ënnert d’Lupp, déi wuel éischter engem eelere Semester dierft e Begrëff sinn.

Si ass awer och haut nach um Marché ze fannen, an do souguer mat engem besonnesche Bezuch zu Lëtzebuerg. Wéi deen ausgesäit, zielt eis den Andy Brücker aus der Automag-Redaktioun.

Mir schwätze vun der Mark Borgward. An de 50er Jore war et déi 4. Gréisst Autosmark an Däitschland. Modeller wéi Hansa 2400, Isabella, Arabella oder P 100 dierften den Autosexperten dobaussen eventuell nach e Begrëff sinn. Wirtschaftlech ass Borgward awer duerch schwéier Zäite gaangen an 1961 war bis op Weideres Schluss. Am Joer 2015 war et dann awer e Revival. Eng Partie Investoren hu sech zesummegedoen an hunn d’Rechter um Numm vun der Mark opkaf an zesumme mat chineeseschen Investore gouf d’Mark nees an d’Liewe geholl, dat och fir den europäesche Marché.
De CEO vun Autodis, de Marco Graas, ass dunn zu Frankfurt op der IAA op d’Mark opmierksam ginn an et koum zu engem dach ganz exklusiven Deal mat der Mark:

Marco Graas:Am Ufank ass Borgward verkaf ginn an Europa, iwwert d'Zentral vu Stuttgart. A mir zu Lëtzebuerg waren dat eenzegt Land, wou en se konnten direkt verkafen, well Lëtzebuerg e klengt Land ass, wollte se testen, wéi d'Reaktioun vun de Cliente wier, wann de Client sech kéint an den Auto setzen a probéieren an net nëmmen iwwer Internet kafen. Vue datt se gesinn hunn, an och zu Stuttgart, datt d'Produktioun an d'Vente net esou gelaf ass, wéi se sech dat virgestallt hunn, an datt se och vill Problemer hate mat de Sproochen, fir ganz Europa, hu se dann decidéiert déi ganz Saach zentral op Lëtzebuerg, de Marketing an d'Vente ze transferéieren.

Ma wéi eng Cliente sinn et, déi sech fir e Borgward entscheeden?

Marco Graas:Dammen decidéiere sech fir e Borgward, well se net wëllen de selwechte Rack hu wéi d'Nopesch. Dofir wielen Damme meeschtens gär e Borgward. Dann hu se en Auto, deen anescht ass wéi déi aner Säit. Déi aner Säit sinn d'Leit och ganz zefridden, well se gesinn, datt eng däitsch Technologie an deem Auto stécht. An dofir sinn och vill Autosfreaken, déi kennen direkt erëm, wat alles "made in germany" an deem Auto ass. An dann, last but not least, déi meescht Leit, déi dat hunn, vill Leit ab 45 Joer, déi sech sou en Auto kafen, well se wësse vun hiren Elteren oder vun hire Grousselteren, déi schonn e Borgward haten.

Borgward baut aktuell de BX7 an de BX5, zwee SUVen, déi op der selwechter Mécanique opbauen, woubäi awer de BX7 TS Limited Edition kloer d’Zuchpäerd an der Gamme ass. Deen ass à la Base scho komplett equipéiert, mat Allrad, Automatik, Toit ouvrant, Massagesëtzer asw. Op där Basis gëtt et och en Hybrid.

Marco Graas:A China sinn ech schonn den elektresche BX7 gefuer, deen Auto geet super gutt. En huet momentan eng Range vu 450 km. Si waarde bis se d'Range hu vu 600 bis 700 km. Déi wäert warscheinlech d'nächst Joer do sinn. Deen Ament kënnt deen Auto dann och an Europa.

An enger nächster Phas kënnt dann och nach de méi klenge BX3 op de Marché, wou aktuell nach un enger ëmweltfrëndlecher Motorvariant geschafft gëtt.

Ma wat maachen ech, wann ech elo mat mengem Borgward muss an eng Garage?

Marco Graas:
Borgward huet e Kontrakt gemaach mat enger Firma déi heescht ATU, fir de Service a ganz Europa. Mä mir hu mat Borgward och decidéiert, datt mir an eiser Ekipp e "flying doctor" hunn. Dat heescht wann ee wierklech e Problem huet, da kënnt den Ingenieur op d'Plaz, mat deene Stécker wat muss sinn. Well deen Auto jo relativ europäesch gebaut ginn ass, géif ech soen, all gutt augestatt Garage gëtt mat deem Auto eens. Ausser e misst onbedéngt de Computer hunn, da kritt en deen ageflunn. D'Garantie leeft alles iwwer Lëtzebuerg. Mir hunn och hei iwwert 1 Millioun Stécker op Stock hei... d'Stécker fir ganz Europa leien hei.

Et däerf een also gespaant sinn, ob d’Konzept vun der Mark Borgward opgeet, an een hir Modeller an noer Zukunft méi a méi op eise Stroosse wäert begéinen.

Aktuell gëtt et eng besonnesch Promotioun um BX7 TS Limited Edition. Bei Interessi heescht et sech bäimaachen.

Automag vum 24. Februar 2022: D'Autosmark Borgward an déi speziell Relatioun mat Lëtzebuerg (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Duncan Muller

Last Updated:

Views: 5797

Rating: 4.9 / 5 (59 voted)

Reviews: 90% of readers found this page helpful

Author information

Name: Duncan Muller

Birthday: 1997-01-13

Address: Apt. 505 914 Phillip Crossroad, O'Konborough, NV 62411

Phone: +8555305800947

Job: Construction Agent

Hobby: Shopping, Table tennis, Snowboarding, Rafting, Motor sports, Homebrewing, Taxidermy

Introduction: My name is Duncan Muller, I am a enchanting, good, gentle, modern, tasty, nice, elegant person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.