Sonndesinterview mam Xavier Bettel: "Ech wëll net den Auto "Lëtzebuerg" an d'Mauer dreiwen" (2024)

Iwwert de Summer kënnt all Sonndeg enanere Spëtzekandidat zu Wuert. Wou den Interview stattfënnt, wielt den Invité selwer aus.

Als Plaz fir den Interview huet de Premier d'Corniche erausgesicht. Op der Plattform direkt hannert dem Gebai, wou fréier emol de Service des Médias dra war.

"Et ass dee schéinste Balconvun Europa", seet de Xavier Bettel, dee seng Gäscht, vu Staats- a Regierungscheffebis Patronevun internationale Firmen, gär mat op d'Corniche hëlt. Wéinst hirer spektakulärer Vue vun der Gare iwwer de Gronn bis op de Kierchbierg: "Hei gesäit een dat Modernt, dat Klassescht, eis Geschicht. Et ass fir mech ee vun de flottsten Ecker, déi mer am Land hunn."

A senger Funktioun als Premier kënnt den DP-Politiker wuel vill duerch d'Land an d'Welt. Vill Zäit, fir d'Plazen z'entdecken, bleift awer net. D'Work-Life-Balance vun engem Regierungschef ass an der Reegel zimmlecham Desequiliber.

Work-Life-Balance an Diskussiounen am Stot wéinst dem Handy

Wa rieds géing iwwer eng 36-Stonne-Woch, da wären hien a verschidden aner Leit scho mëttwochs oder donneschdes am Congé, schmunzelt de Xavier Bettel. "Mee ech maachen et gären, dofir beschwéieren ech mech net. A wa vill Aarbecht ass, oder vill Stress... wann een et gär mécht, ass et kee Stress. Dann ass et awer eng Freed."

Am Alldag ofschalten, fält dem Premier schwéier. Dowéinst géifen et alt schonn emol Diskussioune mat sengem Mann. Beim Liesen an der Vakanz – am léifste Biografien oder Mary Higgins Clark – kënnt de Xavier Bettel erof.

Xavier Bettel

Säi Mann wërft him vir, ze vill um Handy ze sinn

Dem Quality of Work Index no wéilte 56% vun de Leit am Land mat enger Vollzäitaarbecht manner schaffen. Den DP-Spëtzekandidat bleift awer dobäi: d'Erfëllung vun deem Wonsch ass net kompatibel mat der Situatioun um Aarbechtsmaart, wou et u Leit feelt. Flexibilitéit ass a sengen Aen d'Léisung. Dat wär och am Interêt vum Betrib. "Een, deen Dännebeem verkeeft, huet méi Aarbecht Chrëschtdag wéi Fuesent. Een. dee Glacë verkeeft, huet méi Aarbecht am Summer wéi am Wanter. Do brauch een heiansdo eng Flexibilitéit. An dat soll am Interêt si vun deem engem an deem aneren."

Logement: "de Staat huet selwer matgedriwwen"

Als säi gréisste politeschen Echec vun der leschter Legislaturperiod nennt de Premier Xavier Bettel de Logement: "Ech huelen et op mech, well ech eben dee sinn, deen an der Vitrinn steet. Mee et ass d'Regierung, et sinn d'Parteien, et ass de Privatsecteur. An et sinn d'Gemengen. An do muss ee wierklech eng Kéier Tabula rasa maachen."

Zanter bal 10 Joer ass de Xavier Bettel Regierungschef. Déi éischt Legislatur war d'DP an der Verantwortung vum Logement. An der zweeter Legislatur hunn déi gréng iwwerholl.

"Fir mech ass et wichteg, dass mer net nëmmen driwwer schwätzen. Mir investéieren elo ganz vill. Mee dass mer och aner Modeller sichen", erkläert de Xavier Bettel. Beispillsweis mat engem Wunnengsbau-Fong, wou Staat a Privatleit kéinten dran investéieren. Et misst ee mat de Gemengen iwwer d'PAGen diskutéieren, mat Betriber kucken, ob si net bereet wären, hire Leit Wunnengen ze bauen. Déi "eng" Solutioun, fir de Problem séier an de Grëff ze kréien, géif et net.

Xavier Bettel

Datt Verwaltungen sech un d’Delaien halen: DP proposéiert e positiven “accord tacite”

De rezente Rapport vun der Konkurrenz-Autoritéit verdäitlecht, wéi d'Promoteure sech iwwer d'Jore massiv beräichert hunn, ouni datt substantiell méi Wunnenge gebaut goufen. De Marché reguléieren, kënnt fir de Xavier Bettel net a Fro. Trotzdeemmisst de Staat agräifen. "Et ass de Prinzip vun der Offer an der Demande. Mee dofir musse mir vill méi Offer maachen. (…) Da ginn d'Präisser och erof", seet de Xavier Bettel a sträicht ervir, datt och de Staat selwer d'Präisser mat héich gedriwwen huet. "Mir hunn Terraine verkaf un deen, deen eis am meeschte ginn huet. Ech kenne kee Promoteur, dee Croix-Rouge oder Caritas Tendenzen huet. Dee wëll Sue maachen". Viru 6-7 Joer hätt d'Regierung opgehalen, Terrainen esou deier ze verkafen, betount den DP-Politiker.

Klimakris: näischt imposéieren, wann net néideg

Temperatur-Rekorder, uerg Bëschbränn an Europa an um amerikanesche Kontinent, Iwwerschwemmungen an Asien... Wëssenschaftler observéieren, datt den Nordatlantik erhëtzt ass. An datt an der Antarktis, wou elo Wanter ass, d'Äis sech manner séier nobild wéi üblech. "Ech si mer bewosst, datt, wa mer elo näischt maachen, datt mer riicht an d'Mauer rennen", äntwert de Xavier Bettel ugeschwat op d'Klimakris.

Xavier Bettel

privat Klima-Efforten och bei sech am Stot

Gratis ëffentlechen Transport, Subventioune fir Fotovoltaik, energeeteschSanéierung, E-Autoen a Vëloen... Bis op d'Aféiere vun der CO2-Steier huet d'Regierung bis elo haaptsächlech op eng Incitatiouns-Politik gesat. Ob dat duergeet, fir d'Klimakris ze bekämpfen?

"Ech wëll net de Leit Saachen imposéieren, ausser wann et net méi anescht geet. Mee am Moment gesi mer, datt d'Leit matmaachen", verséchert de Premier Bettel. Beim Energie- a Waasserspueren hätt dat sech beispillsweis gewisen. Iwwregens och am eegene Stot, verréit de Bouneweger op RTL-Nofro. Hien a säi Mann hätte souguer Suevum Stroum zréckkritt. Recycling ass eng Selbstverständlechkeet. "A wann ech kann ze Fouss goen, ginn ech och gär ze Fouss. Mee do ass d'Police net ëmmer averstanen...", grinst de Premier.

3 Froen un ...

Iwwer Dossieren a Plagiat-Affär

"Ech war net houfreg, ech hunn et jo och net verstoppt", kuckt de Premier op seng Plagiat-Affär zréck. Am Oktober 2021 hat d'Onlineplattform Reporter opgedeckt, datt de Xavier Bettel als Student a senger Ofschlossaarbecht vum 3. Uni-Zyklus gefuddelt hat. Den DP-Politiker huet doropshi säin Zousaz-Diplom fräiwëlleg ofginn. Obwuel d'Uni Nanzeg him proposéiert hätt, Foussnottebäizesetzen. "Et ass mer egal, c'est fini, terminé! Ech hu meng Responsabilitéite geholl. Ech war méi streng mat mer selwer, wéi en aneren."

Xavier Bettel

De Premier reagéiert op d'Kritik, Dossieren net am Fong ze kennen

Eng Passioun fir Lëtzebuerg

Iwwer seng Wonsch-Koalitioun léisst de Xavier Bettel sech net an d'Kaarte kucken. Méi gespréicheg ass den DP-Politiker, wat méiglech Posten op EU-Niveau ugeet.

"De Conseil krut ech schonn e puermol proposéiert, och aner Posten. Mee de Conseil krut ech elo nees viru kuerzem proposéiert." Dat wär gutt fir den Ego, mee hie kéint sech näischt dovunner kafen, esou de Premier, dee sech wënscht, nach emol fir 5 Joer Lëtzebuerger Regierungschef kënnen ze ginn. "Wann ech ka Premier zu Lëtzebuerg bleiwen, da bleiwen ech Premier zu Lëtzebuerg. An da bleiwen ech och déi 5 Joer!"

Xavier Bettel

“Den Auto Lëtzebuerg net an d’Mauer dreiwen”

Vergiess also d'Propos am Referendum 2015, fir e Regierungspostenop zwee Mandater ze limitéieren? "Ech gesinn et net komplett anescht. Ech hunn ëmmer fonnt, datt dat eng Méiglechkeet wär, fir e Renouveau an der Politikze hunn. Ech hunn e klore Message kritt vum Wieler. 80%, déi dogéint sinn. Dann huelen ech dat zur Kenntnis. Mee am Fong sinn ech frou, wann ech ka weider maachen", gëtt de Xavier Bettel zou.

Sonndesinterview mam Xavier Bettel: "Ech wëll net den Auto "Lëtzebuerg" an d'Mauer dreiwen" (2024)

References

Top Articles
Latest Posts
Article information

Author: Amb. Frankie Simonis

Last Updated:

Views: 5791

Rating: 4.6 / 5 (56 voted)

Reviews: 87% of readers found this page helpful

Author information

Name: Amb. Frankie Simonis

Birthday: 1998-02-19

Address: 64841 Delmar Isle, North Wiley, OR 74073

Phone: +17844167847676

Job: Forward IT Agent

Hobby: LARPing, Kitesurfing, Sewing, Digital arts, Sand art, Gardening, Dance

Introduction: My name is Amb. Frankie Simonis, I am a hilarious, enchanting, energetic, cooperative, innocent, cute, joyous person who loves writing and wants to share my knowledge and understanding with you.